Василиса▶ Я жду вашего обращения. Что Вы хотите узнать?
Логотип
Villa Louvigny – Wikipedia Villa LouvignyVu Wikipedia
Villa Louvigny
Luxembourg, villa Louvigny.jpg
D'Villa Louvigny (2017)
Land Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg
Adress Allée Marconi, 2120 Luxembourg
Koordinaten 49°36'41"N, 6°7'21"O
Architekt(en) Pierre Reuter ,
Nicolas Schmit-Noesen ,
Hubert Schumacher ,
Pierre Schaack
Status Klasséiert Monument
Datum vum Bau 1871

D' Villa Louvigny ass e Gebai am Park vun der Stad Lëtzebuerg , dat op der Plaz vum ale Reduit Louvigny vun der Festung Lëtzebuerg steet, deen hir den Numm ginn huet. Si war 64 Joer laang de Sëtz vun der CLT (haut RTL Group ).

InhaltsverzeechnesGeschicht[ änneren | Quelltext änneren ]

De Reduit op deem méi spéit d' Villa Louvigny opgeriicht gëtt, war 1672 gebaut a gouf nom Festungskommandant Jean Charles de Landas, Grof vu Louvigny genannt ginn. Wéi d'Festung ofgerappt gouf, ass de Reduit den 28. November 1868 fir 9.600 Frang un d'Konsorten xxx André a Joseph Simons versteet ginn, a gouf an e Restaurant mat Festsall ëm- an ausgebaut. Den éischten Exploitant dovu war den Adolphe Cahen, deen deemools och Proprietär vum Café du Commerce op der Plëss war. De Cahen huet sengem Betrib den Numm Villa Louvigny ginn. Et war dat éischt Amusementslokal an der Stad dat am Fräie louch. Nom Cahen gouf d'Villa vum Hubert Klein an duerno vu sengem Fils Jean-Pierre Klein (Kleens Jampier ) bedriwwen .

An de Säll vun der Villa Louvign y goufe Varieté -Representatiounen a soss Attraktiounen organiséiert, 1896 zum Beispill gouf et den „Titanen-Kampf“ tëscht de Bridder Travelli , de „Fielse vun Elsass-Loutrengen“, an dem John Grün , dem Munnerefer Kraaftmënsch, an et gouf (no Iechternach ) eng éischt Kéier e Film vun de Bridder Lumière an der Stad gewisen.

Bei der Villa Louvigny gouf et och eng Sand- Keelebunn , Billardsdëscher an e Vëlodrom mat engem Vëlosbuttek an enger Vëlosschoul . Kuerz virum Éischte Weltkrich gouf d' Villa Louvigny an eng Haushaltungsschoul ëmfunktionéiert an et gouf och eng Spillschoul dran . Wärend dem Krich huet d'Haushaltsléierin Anne Neumann bei der Villa Schwäin a Gefligel gehalen an d'Fleesch an d' Eeër do verkaf.

Nom Doud vun der Anne Neumann ass d'Immobilie un de Louis Hartmann iwwergaangen, deen d'Haushaltungsschoul einstweile weidergefouert huet. 1926 huet hien d' Villa un den Notaire Edmond Reiffers verkaaft, deen do e Casino etabléiere wollt, de Projet konnt awer net ëmgesat ginn.

1932

1932 huet d' Compagnie luxembourgeoise de Radiodiffusion (CLR), déi kuerz virdru gegrënnt gi war, fir vu Lëtzebuerg aus Radiosemissiounen auszestralen, d' Villa Louvigny gelount an de 15. Mäerz dat Joer duerno, ass déi éischt Emissioun ausgestraalt ginn. D'CLR huet d' Villa ronn dräi Joer laang ëmgebaut an huet se 1937 mam Terrain ronderëm fir 3,5 Millioune Frang opkaf.

Wärend dem Zweete Weltkrich ass d'Villa vun der däitscher Besatzung zur Ausstralung vun hire Sendungen iwwer de „Reichssender Berlin“ benotzt ginn. D'Gebai verfält wärend där Zäit ëmmer méi. Een Dag no der Befreiung hunn d'Amerikaner den 11. September 1944 d'Studioen iwwerholl an déi Alliéiert hunn d'Gebai fir hir eege Sendunge benotzt. 1945 ass d'CLR nees Proprietär vun der Villa ginn an déi éischt national Sendungen hunn den 12. November nees ugefaangen. D'Schied si behuewe ginn, an et gouf en neien Trakt bäigebaut.

1952

1952 war deen neien Deel mam Auditorium fir den RTL-Orchester fäerdeg. D'offiziell Aweiung vum neie Gebai war den 18. Mee 1953 a Präsenz vun ë. an der Groussherzogin Charlotte an dem Staatsminister Pierre Dupong . 1956 - 57 ass de markanten 8-stäckegen Tuerm gebaut ginn, an deem d'Radiostudioen a Büroen ënnerbruecht waren. D'Grondmauere vum Tuerm stinn op der Reschter vum Fort .

1962

1962 an 1966 gouf an der Villa Louvigny de Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne organiséiert.

1991

1991 sinn d'CLT-Verwaltung an d'Studioen op de Kierchbierg geplënnert, 1996 och den techneschen Déngscht, wéi en zweet Gebai um Kierchbierg fäerdeg gebaut war. D'Gebai dat eidel stoung, gouf mat den Terraine ronderëm (am Ganze 94 Ar) am Joer 1998 fir 931 Millioune Lëtzebuerger Frang (eppes méi wéi 23 Milliounen Euro ) un de Lëtzebuerger Staat verkaaft. Just de fréieren RTL-Orchester, den haitegen Orchestre philharmonique du Luxembourg ass dra bliwwen, bis 2005 d' Philharmonie fäerdeg gebaut war, an huet sech d'Raimlechkeeten zäitweileg mam Institut monétaire luxembourgeois a Servicer vum Gesondheetsministère missen deelen.

Alas Leoni Dedit[ änneren | Quelltext änneren ]

Wéi sech déi Responsabel vun der CLR Ufanks vun den 1950er Joren no engem passende Logo fir hir international ausgeriichten Entreprise ëmgekuckt hunn, si se op den houfrege roude Léif, dem Wopendéier vu Lëtzebuerg gefall. Dësem heraldeschen Motiv gouf eng Koppel stiliséiert Flilleken ubruecht an d'Devise Alas Leoni Dedit („ Dem Léif Flilleke ginn“ ) derbäi gesat. De Logo an de Slogan ass nach haut iwwer der Entréesdier vun der Villa an op engem iwwerdimensionale gréngen Teppech um éischte Stack vun der Villa Louvigny ze gesinn.

De Logo mam Slogan op der Fassade...

... an um Teppech am Hall um éischte Stack.

D'Villa Louvigny haut[ änneren | Quelltext änneren ]

Zanter 2000 ass d'Villa Louvigny de Sëtz vum Gesondheetsministère . Den Numm vun der Strooss déi dohiféiert, d'Allée Marconi , erënnert nach un d'Roll, déi se an der Geschicht vum Radio gespillt huet.

De Conseils-Sall am Art Deco-Stil gouf 2013/2014 komplett renovéiert. Wéi d'Placke mat enger Weltkaart drop, ewech geholl goufen, fir se ze restauréieren, gouf en anert Wierk entdeckt, dat hannendru verstoppt war. Et handelt sech ëm eng aner Weltkaart op Lack vum schwäizer - franséische Kënschtler Jean Dunand deen d'Kaart warscheinlech ëm 1937 / 1939 hiergestallt huet .

Am September 2018 ass ugekënnegt ginn, datt am Kader vun de geplangte Renovatiounsaarbechten eng Etüd gemaach soll ginn, fir ze kucken wéi den Auditoire - parallel zum Fonctionnement vum Ministère - nees benotzt kéint ginn .

D'Villa gouf de 6. September 2018 als Nationaalt Monument op d' Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen .

Biller[ änneren | Quelltext änneren ]

Reschter vum Fort Louvigny, Fundament vum Tuerm.

Aweiung vum Gebai den 18. Mee 1953.

Haaptentrée vum haitege Gebai.

De Conseils-Sall...

...an d'Lack-Wierk vum Jean Dunand.

Den Auditoire.

Literatur[ änneren | Quelltext änneren ]Marc Jeck, 2008. "D'Villa Louvigny." In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 209-214. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1 Lobo, Paulo, 2011. 12 Bemerkenswerte Gebäude in Luxemburg: 7. Die Villa Louvigny. S. 68-75, Luxédit, ISBN 978-99959-733-0-8 Guy May , Festungsbau, Gastwirtschaft, Haushaltungsschule, Rundfunkstation... Die Villa Louvigny in der Chronik an Ons Stad 106/2014 S.4-8Kuckt och[ änneren | Quelltext änneren ] Jean Charles de Landas, Grof vu Louvigny Um Spaweck[ änneren | Quelltext änneren ]
Commons: Villa Louvigny – Biller, Videoen oder Audiodateien
Referenzen an Notten[ Quelltext änneren ] Abreißkalender 10. Januar 1925 ↑ cf. Guy May, an der Literatur Abreißkalender 25. November 1931 http://www.ffgl.lu/forteresse/louvigny/gallerie/fr_001.html Ein halbes Jahrhundert versteckt Guy Arendt a visité l’auditoire de la Villa Louvigny Communiqué vum Kulturministère vum 7. September 2018, fir d'lescht gekuckt den 8. September 2018Marc Thill, Im Auditorium soll wieder die Musik spielen op wort.lu de 7. September 2018 Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 22. Januar 2020). Vun „ https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Villa_Louvigny&oldid=2245053 Kategorien : Gebaier an der Stad Lëtzebuerg Bauwierker 1871 Uewerstad RTL Klasséiert Monumenter an der Gemeng Lëtzebuerg Stadpark Lëtzebuerg Verstoppt Kategorie: Säiten, déi magesch ISBN-Linke benotzen. NavigatiounsmenüPerséinlech ToolsNet ageloggt Diskussioun Kontributiounen Benotzerkont opmaachen Aloggen Nummraim Säit Diskussioun VariantenAffichagen Liesen Änneren Quelltext änneren Versioune weisen MéiSichen
Navigatioun Haaptsäit Portaler Alles vun A-Z Zoufälleg Säit Matmaachen Communautéitssäit De Staminee Hëllef Rezent Ännerungen Biller eroplueden Kontakt Maacht en Don An anere Projeten Wikimedia Commons Drécken/exportéieren E Buch uleeën Als PDF eroflueden Drockversioun Geschierkëscht Linken op dës Säit Ännerungen op verlinkt Säiten Spezialsäiten Zitéierfäege Link Informatiounen iwwer d'Säit Wikidataelement Dës Säit zitéieren An anere Sproochen Català Deutsch Ελληνικά English Español Français Italiano Norsk bokmål Português Türkçe 中文 Linken änneren Dës Säit gouf de(n) 4. Januar 2020 um 18:06 Auer fir d'lescht geännert. Ofruffstatistik Den Text ass disponibel ënner der Creative Commons Attribution/Share-Alike Lizenz ; zousätzlech Bedingunge kënnen applicabel sinn. Kuckt Benotzungsbedingunge fir méi Detailer. Dateschutz Iwwer Wikipedia Impressum Entwéckler Statistiken Stellungnahme zu Cookies Mobil Vue Wikimedia Foundation Powered by MediaWiki
© 2014-2020 ЯВИКС - все права защищены.
Наши контакты/Карта ссылок